Loading

D’Galerie Marchande vun der Belle Etoile war Ufanks Mäerz gutt gefëllt

Net manner wéi 89 Mini-entreprisen aus dem ganze Land haten hier Produkter engem interesséierte Publikum, dorënner och d’Ministeren Hansen a Meisch, virgestallt

Déi 6 Mini-entreprisen aus dem ALR wossten och z’iwwerzeegen. Op de nächste Säite stellen mir si an hier Produkter vir

Mini-entreprise Bullet Journal
Dës Mini-entreprise stellt ee flotten, selwerentwéckelten Bullet Journal hier
Ee Bullet-Journal ass ee Kalenner-Tagebuch mat ganz verschidde Rubricken
TheRarifyStudios
Bei TheRarifyStudios gëtt et Vintage Kleeder vu bekannte Marken ze kafen.
Iwwert dëse Wee, ginn déi jonk Entrepreneure géint « d’fast fashion » vir a verhënneren dass Kleeder vun héijer Qualitéit einfach wechgeworf ginn.
Mini-entreprise Plackpong
D’Mini-entreprise PlackPong produzéiert a verkeeft Beerpong Dëscher
Niewent Beerpong kann op hiren Dëscher awer och Dëschtennis gespillt ginn. Dës Dëscher sinn also och interessant fir Maisons Relais z.B. (den Text kann natierlech adaptéiert ginn 🙂)
Hiergestallt ginn d’Dëcher am ALR an Zesummenaarbecht mat de Konschtproffen, eisem Schräiner an dem Drockatelier
A wa grad keng Clienten do waren, konnt een sech d’Zäit och gutt verdreiwen
Mini-Entreprise Venus
D’Mutze vu Venus verhënneren dass d’Hoer iwwert dem Schlofen duerchernee geroden

Huet den Här Meisch eng Mutz kaaft? Mir verroden et net!

Mini-entreprise Ruthless
Ruthless verkeeft Rimmer deenen hier Schnall personaliséiert ka ginn.
Dëse Produit eegent sech zum Beispill och fir Klipp déi hire Logo esou d’Schnall setze kënnen
Verkafsgespréich mat engem wichtege Client
Mini-entreprise Taskmaker
Iwwert d’App Taskmaker offréiere Schüler a Studenten d’Méiglechkeet fir okkasionel Aarbechte wéi Wiiss méinen oder Babysitting ze iwwerhuelen

Hier App bitt och een Bewäertungssystem un, de garantéiert dass op der enger Säit eng propper Aarbecht geleescht gëtt an dass op der anerer Säit awer och fair bezuelt gëtt