Editioun #1 - JULI 2021
Wat gëtt et alles an dëser DIGINEWS.DIR12 ze entdecken?
Expression orale & Coding am Cycle 4 zu Miersch
"Mona lisait" meets Ozobot - d'Kanner aus der Klass vum Jeff Elcheroth gi Feedback zu hirem flotte Projet, deen expression orale&écrite a codéiere sënnvoll matenee verbënnt ...
Ech hunn et un sech ganz gut fond, dat enzecht wat e bessen domm ass, dass den Ozobot nie richteg zum Text gelaf ass, denn d’Kanner geschwat hunn mee wann en dat e bessen übt geht dat bestemmt och iergendwann. Dat hecht mat e bessen Übung wär dat richteg cool.
Hello, i am S. from Jeff´s Class. I am writing this to tell you I really enjoyed the Ozobot stuff. It was really cool, and i was not stressed at all. Please continue making these things.
J’ai adoré présenter mon histoire a toute la classe. Je suis un des élève qui a réussi a raconter son histoire sans pause en 1min. A la maison je me suis beaucoup entrainer pour dire tout au bon moment et j’ai eu beaucoup de plaisir a faire ça avec le ozobot. Je n’avais aucun code que le bot ne lisait pas parce que j’ai passé beaucoup de temps à corriger les code etc......... Pour trois codes un peu prés 30min. (je suis lent je sais)
I was at first nervous and i was really confident at the middle of the presentation. At the end I feel like a real teacher. Thanks for help and I would progress to not be nervous.
Hello I am here to tell you how I feel about the presentation, so I think it was a very good experiense that we had the opportunity to Play with the ozobot . But in my opinion it would be better if we did that with something that doesnt have to do with the Mona Lisait so i mean not with a Story . Thank you 😊👋
Ech hunn et ok fond, well bei mir déi eischte Kéier eppes net gang ass, dat war awer mein Fehler. Dunn war ech gestresst, an dowéinst ass meng Presentatioun net esou ginn ewéi ech et geplangt hunn.
J'ai trouvé l'activité avec l’Ozobot très intéressante - c'était une bonne occasion de présenter une histoire. C’est différent de ce qu’on fait habituellement. Cette expérience m’a bien plu car ça aide à comprendre une histoire que on ne connais pas. Je vous remercie pour cette belle expérience.
"Also bei mir war et jo esou: Ech konnt bis virun 2 Méint guer naicht mat der Coding Këscht an engem Ozobot ufänken. No enger Formatioun mam Carlo hunn ech du mol verstan, wéi een dat asetze kéint, fir och de Sproochenunterrecht ze gestalten. Et war immens ze gesin, wéi motivéiert d'Kanner du waren, fir hiir Geschichten ze erzielen, just well se vum Ozobot dobai illustréiert goufen. Dat huet der Saach eng ganz nei Dimensioun ginn, an esouguer de Schoulmeeschter ass elo voll op de Goût komm. Eisen nächste Projet: Eent daitscht Buch virstelle mam genial.ly" (Jeff Elcheroth)
Kompetenzorientéiert Schaffe mam Mediepass zu Steesel
Eis ganz Schoul schafft mat engem un d’Schoul ugepasste Medienpass andeem di verschidde Kompetenzen esou opgelëscht ginn, dass si sech wéi roude Fuedem duerch di 4 Cyclen zéien an openee opbauen. Duerch konkret Beispiller ginn d'Kompetenzen illustréiert a gestempelt wa se erreecht sinn. An de Cyclen probéiere mer di nei Medien an den Schoulalldag z’integréieren.
Am Cycle 1: Flott Momenter, eng Sortie op den Iechternacher Séi, gi mam iPad fotographéiert, an de „Bookcreator“ gesat an duerno kennen d’Kanner dës Momenter kommentéieren. Eng aner Iddi ass fir a verschiddene Bicher eng Recherche ze maachen, z.B. wéi hunn d’Ritter gelieft? Ier mir mam BeeBot schaffen, spille mir z.B. d’Roboter-Spill: ee Kand ass de Roboter, dat anert Kand tuppt et riets oder lenks op d’Schëller fir ze dréinen, an tuppt et 1, 2 oder 3 mol op de Réck fir esou vill Schrëtt no fir ze goen. Mat der BeeBot kann een zb Lotto spillen. D’Kanner hunn eng Plack mat 6 Biller a mussen all Bild op hirer Plack emol mat der Bei erreechen. Wann si op engem anere Bild stoe bleift, kritt dat Kand ee Punkt. Oder et hëlt een d’Biller vun enger Geschicht an d’Kanner mussen di richteg Reiefolleg mat der Bei nofueren an dobäi d’Geschicht erzielen. Och déi verschidden Nimm aus der Klass kann een schreiwen, andeems d’Bei vun engem Buschstaf vum Numm zu deem nächste fiert. Esou leieren d’Kanner ouni Stress, wei si d’Bei kennen dirigéieren/programméieren. A wann d’Bei falsch fiert, gëtt ëmmer vill gelaacht.
Am Cycle 2 hu mir e Lernkarussell ausgeschafft, deen all 6 Wochen dréint. All Kanner aus dem Cycle profitéiere vun deene verschiddenen Atelieren. Dorënner: Bicher virstellen, Plakater erstellen, de Vocabulaire zu neie Medien kenneléieren, Bluebot-Parcours’en erstellen, verschidden Algorithmen verfolgen a selwer erstellen (Kachrezept, Anleitung, Muster, …)
Am Cycle 3 schaffe mer haaptsächlech mam Ozobot (Geschichten erzielen, Weeër programméieren, logescht Denke fërderen mat onvollstännege Parcoursen an Opträg). Doniewent kënne Kanner selwer mat Learningapp.org Aufgabe fir hir Kollegen erstellen zu engem Thema aus den Haaptfächer (Questionnaire zu engem Buch, divers Grammairepunkten, …).
Och am Scratch kann ee Kanner kreativ Aufgaben erstelle loossen: Dialoge schwätzen, am mathematesche Beräich Figuren programméieren (ee Rechteck zeechne loossen, parallel Geraden, …) (Jeanne Fayot, Danielle Ferres)
Fir de Coding e besje méi bekannt ze maachen huet de ganze Cycle 4 eng Codeweek mat ville verschiddenen Atelieren organiséiert. Een Deel war unplugged, mee och Ozobot, Scratch, BeeBot, Makey-Makey, asw. konnten ausprobéiert ginn. Hei de Feedback vun de Kanner:
BeeBot hat mir am besten gefallen, weil ich dort viel gelernt habe. - David
Wo ich am meisten gelernt habe, war beim Coding Atelier von Carlo, weil man mathematisch und genau antworten sollte. - Kelly
Ich fand den Mathe-Ozobot mit Joffer Nathalie sehr gut. Es hat mir am besten gefallen, weil ich Mathe mag und mit Ozoboten arbeiten macht auch Spaß. Es war die perfekte Kombination. - Emma
Am besten hat mir Joffer Joelle’s Atelier gefallen, weil mit Rechnen bis zum Haus kommen war cool. - Alex
Die Ozobot-Geschichten waren cool, weil wir einfach frei malen und dabei eine Geschichte erfinden konnten. - Ben
Am besten fand ich das Atelier von Lehrerin Nathalie, weil da mussten wir eine Geschichte schreiben und mit Ozobot spielen. -Max
Ich habe viel dazugelernt, zum Beispiel, dass es im Internet viele FakeNews, gefälschte Bilder und Abzocker von Geld gibt. - Aurélia
Die BeeSecure Rally mit Lena hat mir am besten gefallen, denn man musste rausfinden, ob das Foto fake oder echt war. - Lucy
Mir gefiel der „Makey Makey“ Atelier von Joffer Liz am besten, weil ich es toll fand zu sehen, dass man auf Bananen Klavier spielen kann. Außerdem fand ich es toll zu sehen, was man mit den Kabeln und der App „Scratch“ alles machen kann. - Milly
Ich wusste nicht, dass man mit Bananen Klavier spielen kann. – Gilles
Makey Makey mochte ich am meisten, denn dort übertrugen Bananen, auf die wir drückten, programmierte Töne. - Kemi
Ich wusste nicht, dass man so viel mit Bananen machen kann. – Samuel
Ich habe gelernt, dass Coding auch Spaß macht. - Alex
Es war etwas Neues und Spaßiges. – Marcel
Es war sehr hilfreich für die Zukunft. – Giorgio
Ich fand es toll, dass wir heute nicht arbeiten mussten und Gruppen mit den anderen Klassen gemacht haben. Meine Gruppe war super! - Cédric
Digital game based learning am Cycle 2 zu Miersch
In dieser Doppelstunde werden die Schüler*innen mit Hilfe von einem digitalen Spiel Pixelbilder erstellen. Als Einstieg wird ein Bild von Pixeln gewählt, die Schüler*innen sollen raten um was es sich auf diesem Bild handelt. Es wird immer mehr aus dem Bild herausgezoomt, bis das ganze Bild erkennbar ist. Es handelt sich um einen Fernseher. Es wird kurz darauf eingegangen, dass durch das Aufleuchten verschiedener Pixel Bilder entstehen. Danach wird den Schüler*innen erklärt, dass wir mit Hilfe von Minecraft Pixelbilder erstellen werden.
Roblox, Minecraft und ähnliche Bauspiele sind dem Großteil unserer Schüler*innen wohl bekannt. Eigenen Erfahrungen nach, spielen zwischen 60 und 80% der Zyklus 2 Schüler*innen regelmäßig eines dieser Blockbauspiele. Wir haben somit viele Expert*innen in unseren Klassen sitzen.
Minecraft Education ist Teil des Office 365 Paketes, somit haben alle Schüler*innen mit ihrem iam@school.lu Login Zugang zu Minecraft Education. Die Lehrperson muss nur eine neue Welt eröffnen und die Schüler*innen per Zugangscode (Bilderfolge) zu dieser Welt einladen. Somit bewegen sich alle in der gleichen Welt und sehen sich und die Pixelbilder der anderen Schüler*innen.
Im Vorfeld zu der Doppelstunde werden sehr einfache Pixelbilder herausgesucht. Da „pixeln“ sich im Internet großer Beliebtheit erfreut, findet man sehr viele Beispiele. Hier sollte jedoch darauf geachtet werden, dass man bei Anfängern 12x12 Pixel nicht überschreitet. Die Schüler*innen werden zuerst in Kleingruppen (maximal 2 Schüler*innen) eingeteilt. Anschließend wählen sie sich ihre zwei Pixelbilder aus. Danach loggen sie sich mit der Bilderfolge auf dem Server ein und können starten. Manche Schüler*innen bevorzugen es in die Höhe zu bauen, andere wiederum bauen lieber flach. Erlauben Sie beides.
Diese Unterrichtseinheit fördert die Kooperation sowie die Kommunikation unter den Schüler*innen. Es werden auch andere Kompetenzen wie, zum Beispiel, das räumliche Denken gefördert. Die Schüler*innen erstellen ihre eigenen Inhalte und kontrollieren diese fortlaufend. Bei Fehlern suchen sie sich für sie adäquate Lösungsstrategien. (Andy Arendt)
Storytelling mat TWINE zu Noumer am Cycle 2.1
Die Kinder des Cycle 2.1 aus Nommern haben ein Spielbuch gespielt und hatten viel Spaß dabei. Die Geschichte mit dem Titel „Die drei Ritter“ handelt von Prinzessin Leila, die entführt wurde und von den Rittern Mil, Tim und Sami gerettet werde musste. Die Kinder können hier selbst in die Geschichte eingreifen und bestimmen was passiert.
Von wem wurde Prinzessin Leila entführt? War es der Bär? Oder war es doch der Drache? Wo hat er sie versteckt? Und wer schafft es am Ende sie zu befreien? Ritter Mil? Ritter Sami? Ritter Tim? Oder schaffen sie es nur zusammen?
Die Kinder freuen sich bereits auf das nächste Spielbuch werden nächstes Jahr ihr eigenes Buch erstellen. Die Geschichte wurde mit „Twine“ erstellt und auf itch.io veröffentlicht. (Simone Haan)
Coding an Actionbound zu Walfer am Cycle 3
Coding am C3: Scottie Go a Playgrounds
Fir de Kanner ze weisen, wat codéieren heescht, hu mir am C3 eng Aféierung an dëst Thema mat Hëllef vu Scottie Go a Swift Playgrounds proposéiert. D’Kanner kënnen sou realiséieren, datt de Roboter just dee Wee geet, dee si him virschreiwen.
Fir de Scottie Go brauch een eng Këscht mat Kommandokarten an d’App um ipad. De Swift Playgrounds ass gratis an ouni Zousatzmaterial spillbar. Bei béiden Appë geet et drëms, e Roboter duerch e Feld ze guidéieren an ënnerwee Saachen anzesammelen oder ze aktivéieren.
Gemengendag als Actionbound
Als Ersatz fir de Gemengendag vum Cycle 3 aus eisen 3 Uertschaften hunn d'Enseignants en Actionbound erstallt. Et handelt sech dobäi ëm eng App, déi et erlaabt d'Kanner duerch d'Duerf ze féieren an duerch Quizfroen, Schätzfroen an aner Aufgaben op markant Punkten oder Detailer an der Gemeng opmierksam ze maachen.
Dobäi kommen och nach kreativ Aufgabe wéi Fotoen a Filmer, déi si mussen erstellen. Interessant fir jiddereen, dee Walfer kenneléiere wëllt! (Laurent Hennes & Daniel Courte)
Coding zu Biissen am Cycle 2.1
Mir hunn de Blue-Bot esou programméiert, dass hien vum Start bei d’Ziel fiert. Mir hunn de Code d’éischt geluecht an dunn de Blue-Bot programméiert. Wa mir e Feeler festgestallt hunn, hu mir anhand vun de Kaarten gesinn, wou dee war. Mir hunn de Code verbessert an de Blue-Bot nei programméiert.
Um Ipad hunn eis Kanner Aufgaben an der App Bee-Bot gemaach. Si waren esou begeeschtert, dass si eis nom Numm vun der App gefrot hunn an deen aneren Dag haten eng ganz Rei Kanner sech d’App schon erofgelueden. D’Begeeschterung fir d’Kodéieren ass ganz grouss.
Mir hunn hinnen e „Pass“ gemeet, wou hier Fortschrëtter kënnen dokumentéiert ginn. (Thierry Maertz)
Storytelling mat Scratch am C4.2 zu Luerentzweiler
Aktivitéit 1
Beräich : production écrite, production orale
Aufgabestellung : Dialoguen erfannen an am Scratch duerstellen
Konkret Uwendung: Sträitgespréich am Kontext vun der Unitéit «la dispute» am C4.2.
D’Schüler konnte mat beliebege Personnagen e Sträitgespréich erfannen. Den Text huet souwuel missten a Sprechblosen verschrëftlecht, wéi och als geschwaten Text programméiert ginn. Et bestoung dobäi d’Méiglechkeet de geschriwwenen Text vum Computer virliesen ze loossen, oder den Text selwer ze schwätzen an opzehuelen an déi Audioopnahm mat an de Programm ze integréieren.
Aktivitéit 2
Beräich: compréhension de l’écrit, production orale / écrite
Aufgabestellung : Den Inhalt vun engem Text oder Textdeel als Programm am Scratch duerstellen.
Konkret Uwendung: Text «la guerre des singes» aus dem Franséischbuch C4.2.
Fir Schüler, déi scho gutt mam Scratch eens ginn, a beim Programméieren scho gewësse Reflexer hunn, war et eng vun e puer ugebuedene Méiglechkeeten, sech kreativ mam Text auserneen ze setzen an d’Textverständnis ze demonstréieren andeem si den Inhalt oder och eng bestëmmten Szene am Scratch duerchstellen. (Anne Goethals, Alain Juncker)
Literaturtipps
Niewt ganz aktuelle Bicher zum Thema fënnt een och richteg flott Zäitschrëften zu Walfer am Centre de documentation vum IFEN. E klenge Bléck online riskéieren?
News / Infos / Tipps/ Linken
Nach méi digital Tools, Iddien, Texter, Tutorials, asw. fir déng Klass fënns du an der
Credits:
Erstellt mit Bildern von geralt - "learn student laptop" • wir_sind_klein - "qr code barcode miniature figures"