Ugefaangen huet eise Sustainable Skills Day mat enger Presentatioun vum Debbie Kirsch iwwert hier Firma Devï.
D’Madamm Kirsch ass wärend engem Openthalt an Indien drop opmierksam ginn, ënert wat fir enge schlechte Konditiounen d’indesch Aarbechter*innen eis Kleeder hierstellen.
Si huet doropshin decidéiert hier eege Firma ze grënnen, déi an Indien op eng nohalteg Aart a Weis Kleeder produzéiert. Den Haaptaspekt vun hirer Aktivitéit huet si op Upcycling, Ethik an Transparenz geluecht. Iwwert dëse Wee stäerkt si d’Situatioun vun den indesche Fraen, déi oft ganz schwiereg ass.
Am Kader vun hirer Serie « Lëtzebuerger am Ausland », huet RTL Lëtzebuerg e Reportage iwwert dem Debbie Kirsch seng Aarbecht gewisen. Kucke kënnt Dir de Reportage vum Journalist Nicolas Have iwwert folgende Link.
No der Presentatioun goufen d’Schüler*innen aktiv an hunn un 3 Ateliere deelgeholl.
Am hauseegenen Drockatelier konnte si eng Drocktechnik erléieren an ausprobéieren.
Zum Schluss vun dësem interessanten Dag gouf et een kuerzen Debriefing wou d’Schüler*innen deenen aneren Gruppen hier Produiten virstellen konnten.
D’Schüler*inne goufen op dës Aart a Weis sensibiliséiert iwwer d’Auswierkungen vun der „fast fashion“ nozedenken an krute konkret Optiounen proposéiert fir méi e nohaltegen Ëmgang mat Moud an Kleeder.