Loading

Eis Mini-entreprisen an der Belle-Étoile 3. a 4. Mäerz

Bei Goldenwear fannt Dir Jogging-Ensemblen a ville Faarwen. Dës Ensemblen ginn a Portugal exklusiv aus recycléiertem Plastik hiergestallt an droen esou hiren Deel zur Reduzéierung vun der Ëmweltverknaschtung bäi.

Nom groussen Erfolleg den d’Mini-entreprise Lëtz Be Fresh dat lescht Joer mat hirer Limonad hat, hu si decidéiert fir et dëst Joer nach emol ënnert dem Numm Kappstand ze probéieren.

Ënnert engem neien Numm a mat engem neie Rezept produzéiere si nees eng erfrëschend Limonade.

Ënnerstetzt gi si heibäi vun der Echternacher Brauerei

Beim Stan a beim Philip kritt dir de beschte lëtzebuerger Schockela. Net manner wéi 7 verschidden Sorten gi vun der Mini-entreprise Lëtz Taste ugebueden.

Produzéiert gëtt hire Schockela vun den Ateliers du Tricentenaire vu Bissen.

Hire Schockela ass esou gutt, dass Lëtz Taste Succès um Samschdegowend hir ganz Produktioun verkaaft haten - mee, keng Suerg, eng nei Commande ass scho gemaach.

Bei Null op 100 gëtt et, wéi schonn d´lescht Joer, flott T-Shirten. Den Tun an de Luc hunn sech e puer nei Designer afale gelooss, déi och dës Kéier nees vill Keefer fonnt hunn. An nächster Zäit wäerte si Iech och nees Hoodien ubidde kënnen.

Bei Sticker deLux kritt dir Stickeren an alle Gréissten, Formen a Faarwen.

D’Ekipp kann Iech och beim Design hëllefen.

Och Mini-entreprisen aus anere Lycéeën huelen an der Tëschenzäit d’Servicer vun Sticker deLux an Usproch.
Created By
John Klemmer Mike Raas
Appreciate