Vum 25. bis den 30. Abrëll waren eis zwou 2 GSO Klassen mat fënnef vun hieren Enseignanten zu München
Weider goung et mat enger Ausstellung vu Musekinstrumenter, wou mir och selwer hunn dierfen aktiv ginn.
Esou huet sech eraus gestallt, datt de Scott een Naturtalent um Theremin ass
Hei nach e puer weider Andréck vun den Austellungen aus dësem Musée
Mëttes ware mir an der Bavaria Filmstadt, wou eis Schüler weise konnten, dass si net just de Proffen eppes virspille kënnen
An dësem Video fannt Dir eis gesammelt Optrëtter. Mee opgepasst, deen dauert 12 Minutten!
An hei gesitt Dir, wéi ee vun den Optrëtter zustane komm ass
Opgehalen huet eis Visitt am Englischer Garten, wou mir och beim Chinesichen Turm ëppes z‘iesse kruten
Mëttwochs nomëttes ware mir an der Allianz Arena 🏟
Owes si mir du richteg bayresch iessen gaangen. Et huet jidderengem gutt geschmaacht - an d’Stëmmung war immens
Deen een oder aneren krut es net genuch …
Wéi et deem engen oder aneren ugefaangen huet mat dréinen …
… oder hien op emol 2 Brëller gebraucht huet …
… du si mir nees brav an d’Jugendherberg gaangen
E puer lescht Andréck